Virgeschicht

Als klengt Meedchen hun ëch schon ëmmer an iwerall gedanzt, wou Musék gelaaf ass. Danzen war an ass bis haut eng wichtëg Saach an mengem Liewen!

Ech haat schon als Studentin een Danz-Duo gegrënnt an verschidden Danz-Courën an der Schoul gehaal, an deenen ëch meng eegen Choréographiën erfonnt hun. Et huet mer sou gudd gefall, dat aaner Leit meng Choréographiën gedanzt hun.

Ech haat och d'Gléck Deel vun verschiddenen Danzgruppen ze sin, an deenen ëch vill Erfahrung gesammelt hun. Dat war eng spannend an beräichernd Zäit, an ëch bereien keng Sekonn dofunner.

 

Awer dunn ass d'Zäit komm mäin eegenen Danzgrupp ze grënnen, an den "Dancegroup BLUE STARS" ass entstaan! An domatter gouf mäin Draam endlëch Wierklëchkeet!

Ech hoffen, ëch kann déi Freed, déi ëch wäerend dem Danzen hun, un d'Leit weider vermëttlen. Ëch wënschen eech all vill Spaass op eisen Optrëtter!

 

Ee grousse Merci geet un déi Leit, déi mëch vun Ufank un an menger Iddi een Danzgrupp ze grënnen, ënnerstëtzt hun!

 

 

Vanessa